Lëtzebuergesch Bezeechnunge fir Buschtawen a Symboler am JAWS

Firwat ginn dës gebraucht?

Och wann RHVoice d'Nimm vun de Buschtawen a Symboler op Lëtzebuergesch kennt, benotzt JAWS seng eege Sproochdateien fir dës Zeechen ze benennen. D'Symboler ginn an der aktuell agestallter Windows-Sprooch ugesot – meeschtens Däitsch, Franséisch oder Englesch.

Mir stellen Dateien zur Verfügung, mat deenen d'Standarddateie vun JAWS ersat a mat lëtzebuergesche Bezeechnunge ergänzt kënne ginn.

Installatioun vun den Dateien

D'Dateie mussen an en Dossier op Ärem Computer kopéiert ginn, deen normalerweis verstoppt ass.

Jee nodeem wéi eng Versioun vu Windows Dir benotzt, fannt Dir dësen Dossier an der Systemsteierung, an den Optioune vum Datei-Explorer oder an den Dossieroptiounen. Wiesselt op den entspriechenden Onglet a aktivéiert d'Optioun, fir verstoppt Dateien, Dossieren a Lafwierker unzeweisen.

Nodeems Dir dës Dateien ersat hutt, musst Dir JAWS nei starten. Probéiert dann Text op Ärer Tastatur anzeginn, inklusiv Sazzeechen.

D'Symboler sollten elo mat der lëtzebuergescher RHVoice-Stëmm op Lëtzebuergesch ugesot ginn.