Eis Dateien ginn vun NV Access an déi offiziell NVDA-Versiounen opgeholl – ugefaange mat der Versioun 2026.1.
Wann Dir dës Versioun oder eng méi nei Versioun benotzt, musst Dir déi hei ënnendrënner beschriwwe manuell Installatioun net ausféieren.
Och wann RHVoice d'Nimm vun de Buschtawen a Symboler op Lëtzebuergesch kennt, benotzt NVDA seng eege Sproochdateien fir dës Zeechen ze benennen. D'Symboler ginn an der aktuell agestallter Windows-Sprooch ugesot – meeschtens Däitsch, Franséisch oder Englesch. Mir stellen Dateien zur Verfügung, déi zu de vu NVDA bereetgestallte Sproochdateie bäigefüügt kënne ginn.
Beim Kopéieren kann eng Fënster erschéngen, an där Dir d’Administratorrechter bestätege musst. Bestätegt dës a fuert mam Kopéieren oder mam Ersetze vum Dossier weider. Nodeems Dir dës Dateien ersat hutt, musst Dir NVDA nei starten. Probéiert dann Text op Ärer Tastatur anzeginn, inklusiv Sazzeechen.
Vergewëssert Iech, datt am NVDA d'Standardastellung "dem Sproochsynthes vertrauen" aktivéiert ass. D'Symboler sollten elo mat der lëtzebuergescher RHVoice-Stëmm op Lëtzebuergesch ugesot ginn.