D'RHVoice-Plus App fir Microsoft Windows

Iwwersiicht

Mat eiser App kënnt Dir Stëmmen eroflueden an dës souwuel mat SAPI wéi och mat NVDA benotzen. Déi verfügbar Stëmme ginn direkt an der App opgelëscht a mussen net op enger Websäit gesicht an erofgeluede ginn. Bei der Installatioun vun de Stëmme erschéngen keng Sécherheets- oder Bestätegungsfroe vu Windows Defender oder NVDA.

An dëser Hisiicht gläicht d'App eise Versioune fir Android an Apple.

Wann Dir eis App net benotze wëllt, stelle d'Entwéckler vun de jeeweilege Stëmmen Windows-Installer fir SAPI souwéi NVDA-Add-ons zur Verfügung. Fir méi Informatiounen, besicht wgl. d'RHVoice.org-Websäit.

Lokalisatiounsdateie fir JAWS an NVDA

JAWS an NVDA soen Zeechen a Symboler un. Et ka sinn, datt dës Bezeechnungen net an Ärer Sprooch verfügbar sinn. Mir bidde follgend zousätzlech Iwwersetzungen un.

Lëtzebuergesch fir JAWS. Lëtzebuergesch fir NVDA

Wann Är Sprooch vun RHVoice.com ënnerstëtzt gëtt, dës Iwwersetzungen awer feelen, kontaktéiert eis wgl.

Eroflueden an Installatioun vun der App

Dir kënnt d'App iwwer dëse Link eroflueden:

Luet d'RHVoice-Plus App fir Äre Microsoft Windows PC erof

D'Sécherheetsfunktioun vu Microsoft Windows kann Iech warnen, datt eis App vun engem "onbekannte Fournisseur" staamt. Eis App ass awer kryptographesch vun eis ënnerschriwwen, fir de Benotzer ze garantéieren, datt et sech ëm eis App handelt. Windows misst uweisen, datt de Fournisseur vun der App Non-Routine LLC ass, eis Firma a Kalifornien.

Wann Dir gefrot gitt, ob Dir den Download bestätege wëllt, vergewëssert Iech wgl., datt Windows uweist, datt den Download vun Non-Routine LLC ënnerschriwwen ass.

De Browser Microsoft Edge kann Downloads verstoppen oder a Quarantän setzen. Wann d'Installatioun vun der App net ufänkt, kuckt wgl. am Download-Verlaf vum Edge no.

Soubal Dir d’Erlabnes fir d’Installatioun ginn hutt, fänkt d’Installatioun un. Si leeft ouni weider Froe weider, an d’App sollt automatesch opgoen. Dobäi gëtt och e Shortcut op den Desktop bäigesat.

Benotzung mat SAPI-5 an der nativer NVDA-Interface

Duerch seng integréiert Software funktionéiert d’App mat béide Sproochsynthees-Interfacen. Heiansdo kann en aktualiséierte "Wrapper"-Add-on fir NVDA néideg sinn, wann NVDA eng Ännerung un der Interface virhëlt. Dat betrëfft nëmme Benotzer vu NVDA. Wann néideg, gitt Dir opgefuerdert, der App z’erlaben, déi lescht Versioun vun dësem Add-on erofzelueden.

Stëmmen eroflueden a verbannen

Wielt an der App eng Sprooch an eng Stëmm aus de verfügbare Lëschten an installéiert dës. Dir musst Ären SAPI-5-Client (z. B. JAWS) an NVDA nei starten, fir datt déi nei installéiert Stëmm vun dëse Bildschiermlieser erkannt gëtt.

SAPI-5 kann och vum NVDA-Bildschiermlieser benotzt ginn. Mir recommandéieren awer déi méi performant direkt RHVoice-Verbindung: sicht an der Lëscht vun de Quellen am NVDA no "RHVoice Plus".

RHVoice-Plus vs. RHVoice

An JAWS an anere SAPI-5-Cliente fänkt den Numm vun der Stëmm mam Präfix "RHVoice-Plus" un.

Wann Dir eng vun den direkt installéierten Open-Source-Stëmmen benotzt, ginn dës an de SAPI- an NVDA-Auswiellëschten als "RHVoice" an net als "RHVoice Plus" ugewisen.

Déi zwee Systemer, RHVoice-Plus an RHVoice (wann Dir deen zweeten installéiert hutt), deelen keng Stëmmen ënnereneen.

Stëmmastellungen

Sproochgeschwindegkeet, Lautstäerkt an Tounhéicht

Dës Astellunge kënnen fir eng spezifesch Stëmm oder op Systemniveau festgeluecht ginn.

Sproochwiessel-Profiler

Bei e puer Sprooche besteet d'Méiglechkeet, op eng aner Sprooch ze wiesselen. Wann dat méiglech ass, ginn déi entspriechend Optiounen ugewisen. Dir musst eng Stëmm fir déi Sprooch eroflueden, op déi Dir wiessele wëllt.

Klangausgläich

Dës Funktioun ass nach net implementéiert. Mat dëser Funktioun kann een de Klangausgläich vun enger Stëmm upassen.

Automatesch Aktualiséierunge vu Stëmmen

Allkéiers wann Dir d'App opmaacht, kontrolléiert se, ob et nei Stëmmen oder Aktualiséierunge fir installéiert Stëmme gëtt. Disponibel Aktualiséierunge ginn automatesch erofgelueden an installéiert.

Bildschiermlieser-Zeechenaussproochdateien

Leider ënnerstëtzen JAWS an NVDA e puer vun eise Sproochen nach net. An dëse Fäll schécken si d'Nimm vu Buschtawen a Symboler an der Sprooch vun Ärer Windows-Benotzerinterface un RHVoice.

Aussproochwierderbuch

Déi aktuell Versioun vun der App gëtt Iech kee Zougang, fir Äert lokalt Aussproochwierderbuch ze änneren. Fir dat ze maachen, musst Dir d’Instruktioune fir d’Open-Source-Installatioun befollegen.

Wann Dir schonn eng RHVoice-Sprooch benotzt, kënnt Dir Är bestoend lokal RHVoice-Wierderbicher weider benotzen. D’App gräift automatesch op dës Wierderbicher op hirer gewinnter Plaz zou. Fir nei Sprooche wäerten d’Stëmmentwéckler mëttelfristeg nei Aktualiséierunge fir d’Systemwierderbuch iwwer d’App zur Verfügung stellen.